Connect with us

Questions parlementaires

Réunion Gäichel XI – Wéini kënnt déi séier Zuchverbindung?

Den 31ten August hunn déi lëtzebuergesch an déi belsch Regierungen sech getraff, fir iwwert déi bilateral Bezéiungen ze diskutéieren. An enger gemeinsamer Deklaratioun hu béid Regierung iwwert d’Inhalter vun dësen Diskussioune beriicht. Vill konkret Moossname goufen allerdéngs net ugekënnegt an d’Deklaratioun ass op ville Platze stomm, wéi verschidden Zilvirgabe sollen erreecht ginn. Virun allem iwwert déi Zuchverbindung „Lëtzebuerg-Bréissel“ an déi europäesch Axe „Bréissel-Lëtzebuerg-Stroossbuerg“ si keng nennenswäert Verbesserungen z’erkennen. Zënter Joerzéngte gëtt vu lëtzebuergescher a vu belscher Säit versprach, fir déi dräi europäesch Haaptstied mateneen ze verbannen. Stand haut brauch ee Passagéier awer ëmmer nach méi Zäit, fir iwwer Lëtzebuerg vu Stroossbuerg op Bréissel ze kommen (440 Kilometer), wéi iwwer Paräis ze fueren (ronn 800 Kilometer).  An der gemeinsamer Deklaratioun ass dozou Folgendes ze liesen: “Les deux Vice-Premiers ministres et ministres de la Mobilité […] ont rappelé l’importance particulière qu’ils attachent à une modernisation accélérée de la ligne ferroviaire Luxembourg-Bruxelles afin de renforcer la vocation internationale de cet axe. […] Aujourd’hui, les deux Vice-Premiers ministres et ministres de la Mobilité […] ont affirmé leur volonté d’actualiser prochainement la lettre d’intention ferroviaire belgo-luxembourgeoise en vue d’augmenter et améliorer les connexions ferroviaires entre les deux pays. (Quell: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2021/08-aout/31-declaration-gaichel.html, leschten Opruff den 31.8.2021)”   Wat d’Erliichterung vum Home Office fir d’belsch Grenzgänger ugeet, gouf an der Deklaratioun Folgendes erwäänt: “Ainsi, la règle dite des „24 jours“ va être assouplie. En effet, à partir de l’année 2022, un travailleur transfrontalier pourra exercer son activité pendant une période de 34 jours en dehors de l’État d’activité habituel, tout en restant imposable dans cet État, soit 10 jours de plus qu’actuellement. […] près de 48.000 travailleurs résidant en Belgique se rendent chaque jour au Luxembourg.” Fir Däitschland gëllt weiderhin d’Reegel vun den 19 Deeg a fir d’Fransousen d’Limitt vun 29 Deeg. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossname wäerte béid Regierungen ënnerhuelen, fir dës „modernisation accélérée“ vun der Streck „Lëtzebuerg-Bréissel“ ze realiséieren?  A wat fir engem Zäitraum soll dës geschéien?  Wéi vill Sue wëllen d’Regierungen dofir an d’Hand huelen?

  2. Wéi vill vun den 48000 belsche Frontaliere wäerte vun där Erhéijung vun den Home-Office-Deeg profitéieren? 

  3. Ass et net diskriminéierend, dass an der Groussregioun elo déi belsch Frontaliere besser gestallt sinn, wéi eis däitsch oder franséisch Noperen? Wäert d’Regierung och eng Erhéijung fir de Rescht vun eise Grenzgänger ustriewen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4926

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert