Connect with us

Questions parlementaires

Roll vun de Gewerkschaften am ëffentlechen Déngscht

Den Artikel 11, Paragraf 4, vun eiser Verfassung gesäit vir: “(4) La loi garantit le droit au travail et l’Etat veille à assurer à chaque citoyen l’exercice de ce droit. La loi garantit les libertés syndicales et organise le droit de grève.” De Code de la Fonction publique leet, ënnert Anerem am Kapitel 11, d’Prinzippie vum Associatiounsrecht vun de Fonctionnaire fest. Mir ass zougedroe ginn, dass a verschiddene Ministèren an och Etablissements publics d’Uweisung vun Uewe komm ass, de Gewerkschafte keng Informatiounen zu festgestallte Problemer am Service weiderzeginn. Deemno ginn d’Gewerkschaften, ënnert Anerem, an hirer Funktioun behënnert „de formuler des propositions relatives à l’amélioration des conditions de travail, à l’organisation, la restructuration et la rationalisation des services“, well se net déi néideg Informatiounen, fir d’Ausübung vun dëser Aufgab asammele kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Minister ausschléissen, dass d’Regierungsmemberen an hier Direktioune Consignen (formell an informell) erausginn hunn, déi et de Staatsbeamten an Employéeë verbidden, Informatiounen un hier Gewerkschaft weiderzeginn? Falls nee, bei wéi engen Informatioune kann de Staat Schweigeflicht verlaangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3739

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert