Connect with us

Questions parlementaires

russesch Propaganda Sendunge via SES

Wéi Reporter den 13ten Dezember bericht, mëscht d’SES, déi zu 11% direkt dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, et méiglech, dass d’Sendere wéi Russia Today weider an Asien an Afrika gesent ginn.  D’Regierung kommentéiert d’Recherchen a mengt, d’Sende vun 3t Staaten un 3t Staaten géingen net ënner EU Sanktioune falen. Op d’Nofro vun Reporter huet d’EU Kommissioun awer kloer wësse gedoen: ““Il est interdit aux entités basées dans l’Union européenne de transmettre des diffusions ou contribuer autrement à la diffusion directe ou indirecte de ces chaînes sanctionnées.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung bei SES intervenéieren, fir dass TV-Chaînen, déi kloer vun der EU sanktionéiert a blockéiert ginn, net méi duerch SES gesent ginn?

  2. Wéi steet d’Regierung zu der am Artikel zitéierter Ausso vun engem Porte-parole vun der EU-Kommissioun, déi contraire ass zur Positioun vun der Regierung?

  3. Geet SES hei an den Ae vun der Regierung de Risiko an vun der EU wéinst Net-anhale vun de Sanktioune géint Russland gestrooft ze ginn?

  4. Wéi vill géing d’SES d’Ofschalte vun de Packagen, an deenen dës TV Chaîne mat dra si, kaschten?

  5. Wéi oft huet d’SES säit de Sanktioune géint Sputnik a Co bei den afrikaneschen an asiateschen Entitéiten, déi dës TV Chaînen iwwerdroen, nogefrot fir domat opzehalen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7364

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert