Connect with us

Questions parlementaires

Social Media Accounts vu Regierungsmemberen en vue vun de Walen 2023

Ech hunn schonn a virrechte Froe probéiert d’Regierung op méiglech Interessekonflikter a Punkto Social Media Accounts vu Ministèren opmierksam ze maachen (ë.a. n°948 an n°633). Elo huet d’Familljeministesch als éischte Regierungsmember ugekënnegt, bei de Gemengewalen 2023 mat ze maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung fir sech Reegelen opsetzen, wéi Social Media Accounts vun de Ministèrë genotzt solle ginn en vue vun de Gemengewalen an den nationale Walen 2023? Wa jo, wäert d’Regierung dës Reegele kommunizéieren? Wa nee, firwat net?

  2. Wéi wäert d’Regierung mat Social Media Accounts vun de Ministèren ëmgoen am Fall wou ee Regierungsmember bei de Gemengewalen als Kandidat*in matgeet?

  3. Kann d’Madamm Familljeministesch assuréieren, dass d’Accounts vum Familljeministère keng Reklamm fir d’Ministesch wäerten am Walkampf maachen?

  4. Kënn de Premier assuréieren, dass keng Ministèreaccounts oder Ministeraccounts genotzt ginn, fir Reklamm wärend dem Walkampf fir dee jeeweilege Kandidat/ déi jeeweileg Kandidatin ze maachen?

  5. Wéi wäert d’Ministesch wärend de Gemengewale mat deene Follower ëmgoen, déi si op hirem privaten Account duerch Interaktioune mat dem Ministèreaccount oder dem Ministeraccount krut?

  6. Wat waren d’Käschte vum Familljeministère fir d’Gestioun vun de Social Media Accounts säit 2018, Personnalfraisen an extern Agencë mat abegraff (opgelëscht pro Joer)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7360

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert