Questions parlementaires
Sécherheetsofstand a Schoulkantinnen
Déi néi Covid-Mesuren déi säit dem 30.10 a Kraaft sinn, schreiwe vir dass bei Rassemblementer vun tëscht 10 an 100 Persounen, dës Persoune souwuel eng Mask mussen unhunn an mindestens och 2 Meter Ofstand hale mussen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
A Schoul- a Lycéeskantinnen, mussen d’Schüler keng Masken unhunn, wann si um Dësch setzen. An ville Kantinnen ass et awer schwéier fir 2 Meter Ofstand ze halen. Wat fir Recommandatiounen huet de Minister un d’Schoulen an un d’Lycéeën, zum Thema Kantinnen eraus ginn? Sinn an den Kantinne genuch Sëtzplazen, fir dass all d’Schüler sech kënnen a Gruppe vu maximal 4 opdeelen a gläichzäiteg de Sécherheetsofstand vun 2 Meter respektéieren?
QP Nummer 3091