Questions parlementaires
Wat kascht d’Juegd ?
An hirer Äntwert op parlamentaresch Fro N°4364 huet d’Ëmweltministesch Zuelen zum Wëldschued geliwwert a schreift, dass 2020 bal 570 000€ u Wëldschued entstane sinn. Dës Zuele kënnen och am technesche Rapport iwwert d’Juegd méi genee gekuckt ginn, dee vum Ëmweltministère verëffentlecht gouf. Och wann dës Zuelen, wéi d’Ministesch schreift, net komplett sinn, sou sinn se am Verglach zu anere Posten am Staatsbudget éischter kleng. Eleng d’Käschten, fir d’Juegd am Ëmweltministère ze verwalten, dierfte méi grouss sinn wéi de Montant, deen all Joer u Wëldschued entsteet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Steiergelder kascht d’Juegd de Staat all Joer, wann een all d’Verwaltungskäschten, wéi zum Beispill d’Gestioun vun de Juegdschäiner, d’Kontrolle vun de Juegten oder de Subsid vu 50 000€ fir Jeeërfederatioun (FSHCL), matarechent?
Wéi vill Wëllschwäin liewen aktuell an eise Bëscher? Wéi huet sech hire Bestand an de leschte 5 Joer entwéckelt? Sinn d’Bestänn trotz de steigenden Doudeszuehlen (Säit 11 aus dem Rapport) weider geklommen?
Bewäert d’Ministesch déi aktuell Juegdmethoden bei der Juegd op Wëllschwäin als effikass, wann een d’Bestandzuehlen an d’Doudeszuele matenee vergläicht?
Mécht déi massiv Juegd op Wëllschwäin ekonomesch gesinn iwwerhaapt Sënn, ugesiichts vun den niddrege Montanten u Wëldschued, déi all Joers entstinn?
Wéi géifen d’Käschten u Wëldschued sech schätzungsweis entwéckelen, wann zu Lëtzebuerg ganz op Klappjuegte géif verzicht ginn?
Wéi d’Ministesch weider an hirer Äntwert präziséiert, géifen d’Analysen aus de leschten 10 Joer weisen, dass de Schued am Gréngland an am Mais de gréissten Deel vum Schued duerch Wëllschwäi géifen ausmaachen. Ginn d’Ministeren dovunner aus, dass mam Ëmstelle vun eiser Landwirtschaft op eng Agrikultur, déi d’Biodivesitéit um Feld de Monokulture virzitt, de Wëldschued fir Bauere kéint erof goen?
QP Nummer 4645