Connect with us

Questions parlementaires

Zäitspuerkonten CFL

Den Zäitspuerkont (CET) ass geschaf ginn, fir souwuel de Betriber wéi och den Employéen méi Flexibilitéit unzebidden. Een Employé ka sech, op Demande, geleeschten Iwwerstonnen opschreiwe loossen, fir se duerno als Congésdeeg kënnen erëmzekréien. Och bei der CFL gouf den CET duerch d’Circulaire n°13 iwwert den OG13 den 1te Januar 2022 fir d’Agente vum Cadre permanent agefouert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt den Zäitspuerkont fir dat gesamt Personal vun den CFL ugewannt oder existéieren nach Posten, wou en aktuell nach net ugewannt gëtt?  Falls en nach net iwwerall ugewannt gëtt, bei wéi enge Posten ass dëst de Fall, a wéi ass dës Differenzéierung tëschent de Beamten ze rechtfäerdegen? Ass dës ënnerschiddlech Behandlung am OG13 virgesinn?

  2. Wéini wäerten all d’CFL-Beamten den CET effektiv notze kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7747

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert