Connect with us

Questions parlementaires

SOLVIT

Bei grenziwwerschreidende Problemer mat Verwaltungen, déi d’EU-Recht betreffen, kënnen d’Leit op de Service SOLVIT zeréckgräifen, dee beim Wirtschaftsministère ugegliddert ass. Dëse Biergerservice soll bannent engem Delai vun 10 Wochen zu enger Léisung bäidroen.  Mengen Informatiounen no ass SOLVIT Lëtzebuerg aktuell mat enger erhéichter Unzuel un Dossiere konfrontéiert an déi virgesi Beaarbechtungsdelaie ginn a verschiddene Fäll net agehalen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Dossiere goufen an de Joren 2021 bis 2025 vu SOLVIT Lëtzebuerg traitéiert?  Kann de Minister dës Zuelen oplëschten no Dossieren, bei deenen SOLVIT Lëtzebuerg als Home Centre agéiert huet, an Dossieren, bei deenen SOLVIT Lëtzebuerg als Lead Centre agéiert huet?

  2. Wéi vill Fäll konnten guer net geléist ginn oder just zu Deel?

  3. Wéi laang war an deenen eenzelne Joren déi duerchschnëttlech, déi median an déi längste Beaarbechtungsdauer vun engem Dossier?

  4. A wéi ville Fäll konnt den Delai vun 10 Wochen net vum SOLVIT agehale ginn a wat sinn déi heefegst Grënn fir dës Retarden?

  5. Wéi huet sech d’Zuel vum Personal, ausgedréckt an ETP, dat fir SOLVIT Lëtzebuerg affektéiert ass, an deem selwechten Zäitraum entwéckelt?

  6. Wéi ass d’Personalfluktuatioun (employee turnover) beim SOLVIT: wéi vill Leit hunn de Service am Zäitraum 2021 bis 2025 (opgelëscht no Joer) verlooss a wéi vill sinn erakomm?

  7. Wéi vill Absencë beim Personal (Krankeschäin, etc.) goufen et am Zäitraum 2021 bis 2025 (opgelëscht no Joer) beim SOLVIT?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4773

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert