Connect with us

Questions parlementaires

Profitter vun de Pëtrolsfirmen

Zu Lëtzebuerg ginn d’Präisser op der Pompel fir Bensinn an Diesel vum Wirtschaftsministère zesumme mam Pëtrolssecteur festgeluecht (nom ofgeännerte Gesetz vum 15te Februar 2015 relative à l’organisation du marché de produits pétroliers).  Well et sech ëm Maximalpräisser handelt, kéinten d’Tankstellen hire Sprit awer och ënnert dësem Präis verkafen. Dat maachen awer déi wéinegst, bis op sporadesch Promotiounen.  Wëssenswäert ass och, dass d’Pëtrolsfirmen an dëse Kontrakter d’Pëtrolsfirmen och eng Profitmarge geséchert kréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mol goufen an de leschte fënnef Joer Diesel oder Bensinn ënnert dem Maximalpräis op enger Tankstell affichéiert a verkaf (Promotiounen ausgeschloss)?

  2. Wéi huet sech d’Distributiounsmargen an deene leschten 10 Joer entwéckelt?

  3. Huet de Minister eegen oder extern Analysen, zum Beispill vun der Autorité de la concurrence, dass d’Präiskonkurrenz um Lëtzebuerger Pëtrolsmarché net funktionéiert (existéieren Hiweiser op ee Kartell)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4779

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert