Connect with us

Questions parlementaires

Ëmweltimpakt vun der Kronospan zu Suessem

D’Firma Kronospan bedreift zu Suessem an der nationaler Wirtschaftszon Gadderscheier verschidden industriell Anlagen, déi ënnert d’Gesetzgebung iwwer klasséiert Betriber falen. D’Firma krut déi entspriechend  entspriechend Autorisatiounen aus der Commodo-Incommodo-Prozedur. D’Ëmweltverwaltung huet am Joer 2025 zwou Ëmweltinspektiounen op verschiddenen Anlage vu Kronospan zu Suessem duerchgefouert. Bei der Inspektioun goufen vill Non-conformitéite festgestallt,  dorënner Iwwerschreidunge vun Emissiounsgrenzwäerter, Kaméidi an der Nuecht, d’Ofleede vu Reewaasser an net duerchgefouert Emissiounskontrollen. Fir eng Rei vun dëse Punkte goufen dem Bedreiwer Friste gesat, déi an der Tëschenzäit ofgelaf sinn. D’Gemeng Suessem huet de 17ten August 2026 an engem Communiqué matgedeelt, datt si eng Rei Reklamatioune vu Bierger:innen iwwer Kaméidi, Geroch an d’Verbreedung vu feinem Holzstëbs am Ëmfeld vun der Firma Kronospan kritt huet. D’Gemeng huet déi zoustänneg Ministèren an Autoritéiten iwwer d’Situatioun informéiert. Dëse Weekend koum et elo um Site vun der selwechter Firma zu engem Feier, bei deem e groussen Dispositif vum CGDIS a Spezialequippen am Asaz waren, wéi den Groupe d’intervention spécialisé contre les risques nucléaires, radiologiques, biologiques et chimiques (GCBRN).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng vun den Non-conformitéiten, déi bei den zwou Ëmweltinspektioune festgestallt goufen, bestinn aktuell nach? 

  2. Wéi eng Ëmweltkontrollen a Miessunge goufen an de leschten dräi Joer um Site vu Kronospan an der Ëmgéigend duerchgefouert, notamment wat d’Loftqualitéit, Stëbsemissiounen, d’Ofwaasser, de Buedem an d’Grondwaasser betrëfft a wéi eng Iwwerschreidunge vun de Grenzwäerter goufe festgestallt? Wéi hu sech an deem Zäitraum d’Emissiounswäerter, notamment betreffend d’Loftqualitéit, entwéckelt?

  3. Erfëllt Kronospan aktuell all d’Oplagen aus den Exploitatiounsautorisatiounen am Kader vum Commodo-Incommodo? Falls nee, wéi eng Oplage ginn aktuell net respektéiert?

  4. Wäerten zousätzlech Miessungen an der Ëmgéigend geplangt oder wäerten weider Miessstatiounen installéiert ginn, fir den Impakt op Loftqualitéit an de Kaméidi op den ugrenzende Wunngebidder am Aa ze behalen?  Falls nee, firwat sinn d’Ministeren der Meenung, dass et aktuell keng weider Miesstatiounen hei brauch?

  5. Wäert d’Regierung eng Miesscampagne vum Kaméidi ronderëm de Site an an den ugrenzende Wunngebidder realiséieren? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4783

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert