Questions parlementaires
Autonom Autoen a Stroossebeschëlderung
D’Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt d’Innovatioun an der Automobilitéit z’ënnerstëtzen andeems d’Technologien, déi fir d’autonoomt Fuere gebraucht ginn, reglementéiert solle ginn. Am Automobilsecteur ginn et aktuell eng Rëtsch Autoen ze kafen, déi d’autonoomt Fueren op zweeter Stuff erméiglechen. Op eise Stroossen hunn dës Autoen awer aktuell nach mat ville Problemer ze kämpfen, well eng schlecht Beschëlderung, mangelhaft Stroossemarkéierungen oder d’Presenz vu Chantieren de Bordinstrumenter Problemer bereeden. A menger parlamentarescher Fro n°508 war ech schonns op mangelhaft Stroossemarkéierungen agaangen. Ee weidere Problem stellt sech bei den Emplacementer vu Schëlder, déi a verschiddene Situatiounen d’Bordmechanik iwwerfuerderen. Esou zum Beispill bei der Beschëlderung vun Tempolimitte festzestellen, dass verschidden Autoen net schnell genuch ofbremsen, fir hannert dem Schëld um Tempolimitt ze sinn. Wa mer autonoomt Fueren op eise Stroossen erlabe wëllen an d’Software an den Autoen richteg soll funktionéieren, da muss d’Stroossenetz, dat aktuell fir d’Mënschen gemaach ass, och fir d’Computeren adaptéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi muss d’Stroosseschëlderung zu Lëtzebuerg an Zukunft ëmgestallt ginn, fir et autonomen Bordsystemer z’erméiglechen, sech un d’Dispositioune vum Code de la Route ze halen?
Wäert d’Ëmstellung op autonom Autoen och Konsequenzen fir d’Placéierung vu verschiddenen Vitesslimitatiounen a Vitesskontrollen hunn? Wéi eng Krittären wäerten hei applizéiert ginn?
QP Nummer 5093