Connect with us

Questions parlementaires

Black Friday a Coronazäiten?!

Wien de leschte Weekend ee vun de gréissere d’Shoppingzenteren am Land besicht oder d’Fotoen op Social Media gesinn huet, deen huet sech ee Moment wéi an d’Normalitéit viru Corona zeréckversat gefillt. D’Akafszentere waren deelweis esou voll, datt d’Schlaange virun de Geschäfter matenee verschmolz sinn.  

Datt d’Akafszenteren grad a Coronazäiten opbleiwen, wou d’Leit eigentlech zum gréissten Deel doheem bleiwe sollen, fir sech kengem onnéidegen Infektiounsrisiko auszesetzen, ass op d’politesch Decisioun vun der Regierung zeréckzeféieren, d’Shoppingzenteren net zouzemaachen. 

Et war virauszegesinn, datt mat deene leschte Mesüren an trotz héijen Infektiounszuehlen hei am Land, d’Leit d’Zäit virun de Chrëschtdeeg nach notze géifen, fir zu bëllege Präisser hier Kaddoen anzekafen. D’Biller aus deene verschiddene Shoppingzenteren hei am Land sinn awer, grad an Zäite vun dëser Pandemie, méi wéi besuergniserreegend a loossen Zweiwel un de Mesüre vun der Regierung opkommen.

Wéi mir vu verschiddene Verkeefer zougedroe gouf, war et weder an de Gallerien, nach a ville Geschäfter méiglech, d’Hygienesmesüren an d’Distanzen anzehalen. Mataarbechter beriichten, datt se zum Deel 8 Stonne um Stéck Face-à-Face mat de Läit stoungen, honnerte vun Artikelen a Keessenticketen ugepaackt hunn an dacks net konnten hier Hänn desinfizéieren. Gesoot gouf mir och, datt vill Leit hiert d’Iessen aus dem Take-away einfach matten an der Galerie um Buedem konsumméiert hätten an dat ouni Mask, wat dorobber zeréckzeschléissen ass, datt d’Regierung d’Restauranten an d’Caféen zougemaach huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrollen hunn am Virfeld vum Black Friday staattfonnt, fir z’iwwerpréifen, datt all d’Geschäfter a Gallerien déi néideg Sécherheetsmesüren virum Black Friday getraff hunn?
  2. Wéi vill Kontrolle goufen dëse Weekend vun ëffentlecher Säit aus gemaach, fir z’iwwerpréifen, datt d’Shoppingzenteren d’Maximalkontingenter u Visiteuren anhalen? Wéi vill Protokoller goufen ausgeschwat, well sech net un d’Maximalkontingenter gehale gouf?
  3. Huet d’Regierung bei hierer Decisioun, d’Shoppingzenteren opzeloossen, och un d’Sécherheet vun de Salariéeën an de Shoppingzentere geduecht? Falls jo, wat gouf vun ëffentlecher Säit aus ënnerholl a wéi gouf d’Sécherheet vun de Léit sur place kontrolléiert?
  4. Aus wéi engem Grond goufen d’Shoppingzenteren net am Kader vun de Covid-19-Mesüren berécksichtegt? Kann d’Regierung d’Proportionalitéit erklären, firwat Kinoen an Kulturaktivitéiten gestoppt goufen während Konsumaktivitéiten, déi dausende vu Leit op enkem Raum zesummeféieren, net weider ageschränkt goufen? Steet d’Regierung zu hierer Decisioun, d’Shoppingzenteren opzeloossen?
  5. Ass no dësem Massenustuerm op d’Geschäfter ee Pique un Neiinfektiounen am Dezember ze erwaarden?
  6. Kann ausgeschloss ginn, datt verschidde Regierungsmemberen Interessekonflikter hunn, well se selwer, oder duerch Bekanntener, a kommerziell Aktivitéiten an der Branche vum Commerce „non essentiel“ involvéiert sinn? 
  7. Hunn d’Ministeren, déi Participatiounen a Firmen mat Verkaafsfläch an Akafszenteren hunn, sech bei den Diskussiounen an den Entscheedungen iwwert Covid-bedéngte Fermeturen am Commerce enthalen?

Fro n°3224

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert