Connect with us

Questions parlementaires

Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) – Nofro

Den Aarbechtsminister huet mir op meng dringend Fro n°2262 iwwert d’Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) Folgendes geäntwert: ““Et ass kloer, dass all dei vum honorablen Deputeierten opgezielten administrativ Demarchen net ëmmer an engem Dag kënne gemaach gin, dofier ass et och meiglech den Certificat, bzw d’Piècen dei dozou gehéieren, nozereechen fir den Dossier ze kompléteieren. Den Certificat deen de Patron spéider gescheckt kritt, ass par contre unzegesin wei e Krankeschäin am Sënn vun den Artiklen L.234-53 an L.234-54 vum Code du travail, sou dass den Salarie vun engem méiglechen Licenciement während der Zäit wou hien am Congé pour raisons familiales ass, geschützt ass.“ ” Dëst ass sécherlech wouer am Fall, wou de Congé pour raisons familiales accordéiert gëtt. Beim Refus vun enger Demande existéieren allerdéngs nach gewëssen Ongewëssheeten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat geschitt mat engem Employé, dee säi Congé pour raisons familiales Covid-19 refuséiert krut an déi Deeg, wou en net schaffe war, keen esou ee Certificat virweise kann? 

  2. Ass den Employé am Fall vun engem Refus selwer Schold, dass hien net schaffe war oder ass hie geschützt doduerch, dass d’Demarche net schnell genuch konnt beaarbecht ginn? Kréien d’Leit an deem Fall hieren aktuelle Congé pour raisons familiales verlängert?

  3. Wéi ass et mat deene Leit, wou een Elterendeel net schafft awer wéinst sengem Gesondheetszoustand (z.B. bei chronescher Péng) net op d’Kanner oppasse kann. Kritt de Partner an dem Fall säi Congé pour raisons familiales unerkannt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2275

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert