Connect with us

Questions parlementaires

Wëll d’DP de gratis ëffentlechen Transport duerch Personalofbau finanzéieren?

Op der Facebook-Säit vun enger vun de Regierungsparteien (DP) huet eng Persoun eng Fro iwwert d’Finanzéierung vum gratis ëffentlechen Transport gestallt, dee jo ab dem 1te Mäerz 2020 gëlle soll. An der Äntwert vun der Regierungspartei ass Folgendes ze liesen:

„Par l’introduction de la gratuité des transports publics, une partie des recettes pourra être compensée par l’élimination des contrôles à bord et de la vente de billets.“

Implizitt kléngt dat esou, wéi wann e Käschtenofbau duerch een Ofbau vum Personal geplangt wär. Et gouf awer bis elo gesoot, dass mat der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport keng Persoun hier Aarbecht wäert verléieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass duerch d’Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport den 1te Mäerz keng Platze bei der CFL ofgebaut wäerte ginn an dass déi concernéiert Aarbechter wuelverstanen an aner Servicer affektéiert ginn?
  2. Kann de Minister erklären, wéi vill Käschten duerch d’Eliminéierung vun de Kontrollen an den Zich an dem Verkaf vun Ticketen ewechfalen? Ugeholl, datt d’Persoune reaffektéiert ginn, bleiwen des Käschten ënnert der Form vun enger anerer Prestatioun (Guidage op de Quaien zum Beispill) erhalen?
  3. A wéi enge Servicer a fir wéi eng präzis Aufgabe ginn déi aktuell Kontrolleren a Guichetsaarbechter ab dem 1te Mäerz agesat?
Continue Reading
1 Comment

1 Comment

  1. Goergen Jean-Paul

    März 1, 2020 at 8:15 am

    Daat ass e Schoss an den Uewen, ugeholl et fuehren elo mèi Leit mam öffentlëschen Transport wou huelen de vill Busser hier a Chauffeuren ,de Verkèier leid ach mèi dorunner maer wêssen wèi Autochauffeuren réagèieren wann se dauernt hannert de Busse musse fueren.Bei Stau sinn d’Bussen an Camioen dee grèisste Problem da kènnt kee mèi zu Zait op seng Arbëscht an daat ganz fäellt an sein Ursprong zerëck an irgendwèi kritt Vollek êrëm eng Steier op gedrëckt fir dass daat ganzt finanzèiert.Mèng Meenung duerzou

Leave a Reply

Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert