Connect with us

Questions parlementaires

Klëmmt d’Energieaarmut zu Lëtzebuerg?

D’Präisser vum Gas sinn am Moment europawäit am gaange mat klammen. Laut RTL ass de Präis vum m3 Gas fir d’Haushälter säit 2020 schonn ëm 25% geklommen. D’Energieministeren aus der EU hunn sech zu dësem Thema d’lescht Woch getraff, fir iwwert d’Grënn vun dëser Präishausse an seng Konsequenzen ze diskutéieren. D’Präishausse trëfft virun allem déi Verbraucher haart, déi doduerch riskéieren an d’Energieaarmut ze falen, well d’Sue feelen, fir d’Stroum- respektiv d’Gasrechnungen ze bezuelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Generell gëtt vun Energieaarmut geschwat, wa Stéit méi wéi 10% vun hirem Akommes fir d’Energieversuergung (Stroum, Heizung, waarmt Waasser) mussen ausginn. Wéi vill Prozent vun de Stéit zu Lëtzebuerg gi méi wéi 10% vun hirem Akommes fir Energie aus?

  2. An der Äntwert op d’Fro n°840 vum Januar 2015 heescht et:  ““Bevor die Kunden aber tatsachlich abgeschaltet werden, nehmen die Lieferanten im Allgemeinen persöniichen Kontakt mit den zahlungsunfahigen Kunden auf. Falls das Sozialamt mitteilt, dass der Kunde nicht als schutzbedurftig anzusehen ist, beantragt der Lieferant beim zuständigen Netzbetreiber eine Abschaltung des Kunden. Bis es zu einer Abschaltung kommt, können noch einmal mindestens 30 Tage bis zu mehreren Monaten vergehen. Die meisten Energielieferanten beantragen daruberhinaus auch keine Abschaltung während den Wintermonaten.“” Steet et Energieliwweranten och haut nach fräi, eng Ofschaltung wärend de Wanterméint duerchzeféieren?

  3. Bei wéi ville Stéit koum et an deene leschte 5 Joer zu der Einleitung vun enger Abschaltprozedur (opgelëscht no Joer)?

  4. Bei wéi ville Stéit huet een Energieliwwerant eng Ofschaltung fir ee Stot beim Netzbedreiwer ugefrot (opgelëscht no Joer)?

  5. Wéi vill Ofschaltungen hunn an deene leschte 5 Joer stattfonnt (opgelëscht no Mount)?

  6. 2014 huet myenergy mat de Sozialen Ämter de Service „Unterstützung für von Energiearmut betroffene Haushalte“ agefouert, wou d’Stéit sollen een Energieberoder zur Säit gestallt kréien a wou se kënne bis zu 750€ un Hëllefe kréien, fir verschidde veraalt Elektrogeräter z’ersetzen.  Wéi vill Stéit hu säit der Aféierung vun dësem Projet dovu profitéiert?

  7. Ass d’Regierung der Meenung, dass den aktuelle System d’Biergerinnen a Bierger zu Lëtzebuerg ausräichend virun der Energieaarmut schützt? Ass d’Regierung net der Meenung, dass hei weider Projeten néideg wieren, fir ze verhënneren, dass Stéit ouni Stroum, Heizung oder waarmt Waasser mussen auskommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5030

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert