Connect with us

Questions parlementaires

Mobil Radaren

Published

on

Fir Vitesskontrollen duerchzeféieren, gräift d’Police op mobil Radaren zeréck. Am Artikel 1 vum ofgeännerte Règlement grand-ducal du 2 août 2002 concernant les modalités d’utilisation, d’homologation et de contrôle des cinémomètres steet geschriwwen: “«L’appareil utilisé par la Police grand-ducale pour contrôler le dépassement des limitations réglementaires de la vitesse est le cinémomètre, qui peut se présenter sous forme fixe, mobile, portatif, muni d’un support ou fixé à l’intérieur d’un véhicule de service ou sur le pourtour extérieur de celui-ci.» ” Dës Cinémomètres ginn oft op enger Zort Remorque op eng Strooss bruecht, um Bord vun der Strooss ofgehaangen a bleiwen dann do esou stoen. (Meeschtens gëtt de Radar selwer nach verkleet, fir en net direkt als Radar siichtbar ze maachen.) D’Radaren déi op de Remorquë bei der Strooss stoe bleiwe kéinten also als Remorque ugesi ginn.  Am Code de la Route fënnt een am Artikel 167 (RGD vum 26te Mäerz 1965) steet iwwert d’Remorque iwwerdeems Folgendes: “«Il est interdit: a) de faire stationner une roulotte non accouplée sur la voie publique; b) d’utiliser comme logis un véhicule en stationnement ou parqué sur la voie publique; c) de faire stationner sur la chaussée entre 22 heures du soir et 6 heures du matin un autocar, un véhicule automoteur destiné au transport de choses d’un poids total maximum autorisé supérieur à 3.500 kg, une machine de travail d’un poids propre supérieur à 3.500 kg ou une remorque non accouplée.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Si mobil Radaren déi op Remorquen um Bord vun enger Strooss sti virum Gesetz als Remorque unzegesinn?  • Falls jo, wéi wierkt sech den Artikel 167 vum Code de la Route op d’Opstelle vu mobille Radaren aus? Ass et legal, ee mobille Radar op enger Remorque tëschent 22h00 a 6h00 ofzestellen?  • Falls nee, wéi eng Dispositioune gëlle fir d’mobil Radaren?

  2. Am Artikel 3 vum Gesetz vum 21ten Dezember 2009 iwwert permissions de voirie steet geschriwwen: “”Quiconque voudra […] entreprendre des aménagements constructifs ou de signalisation dans l’intérêt de la sécurité et de la commodité des usagers de la route et des riverains, faire des plantations ou d’autres travaux quelconques dans, au-dessus ou le long des tronçons de routes faisant partie de la voirie normale de l’Etat, soit dans les traversées des agglomérations, soit ailleurs, dans la distance ci-après, ne pourra le faire que sous le couvert d’une permission de voirie.”” Muss d’Police fir d’Installatioun vu mobille Radaren eng Permission de Voirie beim Ponts et Chaussées ufroen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5084

Continue Reading