Questions parlementaires
Nofro – Placéierung vu Persounen mat mentale Problemer
A menger parlamentarescher Fro n°4931 hat ech d’Regierung ëm Informatiounen iwwer d’Internéierung vu Patiente mat mentale Gesondheetsproblemer gefrot.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
D’Ministeren äntweren, dass de Gesondheetsministère d’Donnéeën iwwert d’Flux’en an d’Unzuel vu placéierte Patienten net zentraliséiert.
Bewäert de Gesondheetsministère et als oninteressant, ee Suivi vum Zoustand vun de mentale Gesondheetsproblemer hei am Land ze maachen?
Wéi wëll de Ministère notamment kontrolléieren, ob d’Offer an d’Qualitéit vun der psychiatrescher Betreiung ausreechend ass, wa keng Analysen un Hand vu bestoenden Donnéeë gemaach gëtt? -
Op meng Fro zu der Publikatioun vun den triennale Rapporten, déi d’Gesondheetsministesch der Chamber muss virleeën, äntwert d’Ministesch, dass si kee Problem gesäit, dës um Site vum Gesondheetsministère ze publizéieren. Wéini gedenkt de Ministère domadder unzefänken, wëssend, dass d’Gesetz zënter 2009 a Kraaft ass?
QP Nummer 5371