Connect with us

Questions parlementaires

Muttwëlleg Vergëftunge vun Déieren duerch Rategëft

Op de soziale Medien hunn an der leschte Méint eng Rëtsch Läit annoncéiert, dass hiert Hausdéier – meeschtens sinn et Hënn – Affer vun enger mutwëlleg erbäigefouerter Vergëftung ginn ass, well onbekannt Persoune mat Rategëft preparéiert Fleeschköderen a Gäert oder op ëffentleche Platzen ausgeluecht hunn, mam Zil, dass d’Déier de Köder frësst. Tatsächlech sollen och schonns e puer Déieren doduerch gestuerwe sinn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung esou Fäll confirméieren? Falls jo, wéi vill Fäll sinn an de leschten 5 Joren bekannt ginn?
  2. Wéi vill Mol goufen d’Täter vun esou enger Aktioun erwëscht a veruerteelt? 
  3. Wat kéint een der Regierung no ënnerhuelen, fir ze verhënneren, dass Déieren mutwëlleg vu Persounen vergëft ginn?
Continue Reading
1 Comment

1 Comment

  1. Jean Toussaint

    Januar 17, 2020 at 8:28 pm

    Ech fannen dëst eng gutt Initiative ärer Seits. Mir sin och Hondsbesëtzer an héieren vun esou Vergëftungen oft an hun och Angscht onsen Hond wir betraff wann nees aus onerklälech Grënn ob eemol Duerchfall huet an neischt wëll iessen zemols mir all Dag am Bësch sin. An Deitschland, wéi virun e puer Deeg um TV gewiessen, gin esou gueren Spueren Hënn agesaat fir den Täter ob Spuer ze kommen. Et ass natierlech schwéier engem esou eng Tat no ze weisen. No meengem Wëssen kritt een an Deitschland och net einfach esou all Sort Raattengëft ze kaafen, waat hei an all Kommerce den Fall ass, an do misst een emol déi Froo stellen ob daat Normal ass! Eng Raattenploo oder Meis, gehéiert an Hänn vun Profien.
    Merci an mfg
    Jean Toussaint

Leave a Reply

Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert