Connect with us

Questions parlementaires

Reliounsgemeinschaften

Den 10ten November hunn de Premier an d’Santésministesch sech mat de Vertrieder vun der Glawensgemeinschaften zu Lëtzebuerg getraff, fir iwwert déi aktuell sanitär Situatioun ze schwätzen. Een Thema war och wat d’Reliounsvertrieder maachen, fir d’Verbreedung vum Virus an hire Gemeinschaften ze reduzéieren, respektiv auszebremsen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister erklären, firwat et richteg a wichteg ass, mat de Vertrieder vun de verschiddene Reliounsgemeinschaften iwwert d’Schutzmesuren an d’Impfen ze schwätzen? Gesäit de Minister hei Nohuelbedarf vu Säite vun de Reliounsvertrieder?

  2. Hunn all d’Vertrieder an der Reunioun sech zu de Virdeeler vun der Impfung bekannt?

  3. An d’Reunioun waren nëmme Vertrieder vun de konventionéierte Glawensgemeinschaften invitéiert. Laut eegenen Ugaben hunn, zum Beispill, d’Zeuge Jehovas iwwer 2000 Memberen zu Lëtzebuerg a si fir hier Retizenz, wat verschidde medezinesch Versuergungen ugeet, bekannt. Hunn d’Ministeren sech och mat dëse Leit zesummegesat, fir si iwwert Virdeeler vun enger Impfung z’informéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5246

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert