Connect with us

Questions parlementaires

Déiereschutz an de Schluechthaiser – wéi gutt gëtt kontrolléiert?

Op de soziale Medien zirkuléiert ee Video, an dem d’Schluechtprozedur an engem Schluechthaus zu Lëtzebuerg opgehol gouf. D’Szeen gouf verstoppt gedréint a weist de Raum, wou d’Déieren zerluecht ginn.  Am Video ass kloer ze gesinn, wéi eng Kouh ouni Betäubung dout gemaach ginn ass. De Video weist wéi d’Déier, wat nach gelieft huet an nach zuckt, bei vollem Bewosstsinn den Hals opgeschnidde kritt.

Den Artikel 9 vun eisem Déiereschutzgesetz leet fest:

„(1)La mise à mort d’un animal ne peut être effectuée qu’après étourdissement. Cette disposition ne s’applique pas en matière de chasse, de pêche récréative et de lutte contre les organismes nuisibles. Lors de la mise à mort d’un animal, toute douleur, détresse ou souffrance inutile doit être évitée.“

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi ass et dem Minister no z’erklären, dass een Déier ouni Betäubung an engem Schluechthaus dout gemaach gouf? Kann de Minister ausschléissen, dass et reegelméisseg zu esou Tëschefäll an de Schluechthaiser zu Lëtzebuerg kënnt? Falls jo, wéi kann hien dat beleeën?
  2. Opgelëscht no Déierenaart a Joer, wéi vill vill Déiere sinn an de leschten 5 Joer zu Lëtzebuerg geschluecht ginn?
  3. Wéi vill Stonnen den Dag däerf an de Schluechthaiser geschluecht ginn? 
  4. Wéi vill Läit schaffen an de Schluechthaiser zu Lëtzebuerg a wéi huet sech d’Unzuel un Aarbechter an de leschte 5 Joer entwéckelt? 
  5. Wéi eng Formatioun mussen d’Schluechter an de Schluechthaiser zu Lëtzebuerg hunn, fir Déieren dierfen dout ze maachen? 
  6. Wéi oft sinn d’Schluechthaiser an de leschten 3 Joer vun der Veterinärsinspektioun kontrolléiert ginn? Wéi vill Verstéiss  géint d’Déiereschutzgesetz goufen an där Period festgestallt? Falls keng oder wéineg Verstéiss festgestallt goufen, kéint ee Grond dofir sinn, dass net genuch Kontrollen duerchgefouert ginn?
  7. Wär et aus Transparenzgrënn an am Sënn vun engem konsequenten Déiereschutz bei der Hierstellung vu Fleeschprodukter net wichteg, Kameraen op de Schluechtsitten ze installéieren? Falls dëst schonn de Fall ass, wien traitéiert dat Videomaterial a wéi vill Verstéiss goufen iwwert dee Wee nodréiglech festgestallt? 
  8. Wéi eng weider Schrëtt wäert de Minister ënnerhuelen, fir dass d’Déiereschutzgesetz agehale gëtt an d’Wuel vum Déier och an de Schluechthaiser garantéiert ka ginn? 

Opgepasst: de folgende Video weist d’Zeen, déi uewen an der Fro beschriwwen ass. Falls dir sensibel op Blutt oder Gewalt reagéiert, da kuckt dëse Video net!

Attention: la scène suivante contient des éléments de violence et du sang. Il n’est pas recommandé aux personnes sensibles de regarder cette vidéo.

Continue Reading
3 Comments

3 Comments

  1. Nathalie Tommasini

    März 2, 2020 at 9:51 pm

    Gudden owend,
    Ass elo jidfereen befriedegt wann deieren
    Gequält an dann dout gemaat gin ?!, muss
    daat sin ?!, et geet och ouni flesch!!, daat
    wees ECH !!!, besser wie dir all !!!, all die
    Leit die den deieren wei doen gin all
    gestrooft an hirem leiwen !, an leiden
    bis zum Schluss vun hirem Liewen!!!

  2. Sura Vegan

    März 3, 2020 at 4:22 pm

    CAVE Beitrag fehlerhaft dokumentiert!!! Dieses Rind wurde BETÄUBT, ansonsten würde es nicht so „rumhängen“.
    Die nach dem Entblutungsschnitt auftretenden Reflexe sind spinal bedingt. Im Zweifelsfall von Fachleuten (medizinischer Hintergrund) erklären lassen.
    BTW: nein, ich bin kein Fan von Schlachthöfen… und nein, ich esse kein Fleisch… und JA ich mag es nicht wenn Halbwahrheiten verbreitet werden!

  3. Nhanii

    März 4, 2020 at 10:26 am

    Also, och wann daat nie gestoppt soll ginn, well fir daat misst ganz welt vegetaresch ginn. Ed ginn awa anner moyens fir die aarm deieren em ze brengen.

    Die ginn gequällt an die männer laachen nach dobei.
    Dei sinn stoltz drop an ech fannen daat einfach traureg.

    Soll mool eppes gemeet ginn hei fir dass die tierquälerei gestoppt gett.

Leave a Reply

Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert