Connect with us

Questions parlementaires

Steiervirdeeler op der Tankstell

Engem Artikel vu paperjam.lu no vum 10te Mäerz 2022 zirkuléieren zu Lëtzebuerg tëschent 80000 an 100000 Tankkarten. Dës Plastikkärtecher kréie Firmen vun de verschiddenen Energiekonzerner, fir op ausgewielten Tankstelle méi bëlleg tanken ze kënnen. Net ganz kloer ass de Gebrauch vun dëse Kaart, wéi Paperjam schreift:
“Le flou est total entre les professionnels de la route (logistique et bus) qui équipent leurs chauffeurs et les sociétés qui ajoutent la carte essence aux avantages en nature de leurs employés.”

Wärend also den normale Consommateur de Gesamtpräis op der Pompel bezilt, tanke verschidde Firmen an hier Employéeën de Sprit fir manner Geld. Doriwwer eraus hunn d’Firmen och nach de Virdeel, dass si d’TVA vun hiren Tankrechnungen erëmfroe kënnen. rtl.lu schreift an engem Artikel vum 22te Mäerz 2022:
“De Staat huet am Mäerz 5,62€ méi op der TVA vun engem 60-Liter-Tank verdéngt wéi am Februar. Independanten a Firmen, déi eng TVA-Nummer hunn, kënnen dës Zomm allerdéngs rembourséiert kréien.”

Wien méi bëlleg oder als Employé fir näischt tanke kann, dee geet natierlech nach vill léiwer tanken a fiert léiwer mam Verbrenner, wéi op méi ressourcëschounend Alternativen ëmzeklammen. D’Plattform quarks.de erkläert an engem Artikel vum 3ten Dezemeber 2021 d’Funktiounsweis vun den Tankkaarten an Däitschland
“Das bedeutet, dass sie [d’Employéeën] für den Treibstoff nichts bezahlen müssen – auch nicht für private Fahrten und beispielsweise Fahrten in den Urlaub. Je nach Firmen-Regelung kann eine solche Tankkarte die Funktion einer Flatrate haben. Man kann fahren, so weit man will – kostet ja nicht mehr. So gibt es keinen Anreiz, das Auto stehen zu lassen, Alternativen wie die Bahn oder das Fahrrad zu nutzen oder zu Fuß zu gehen.”

Op der anerer Säit verléiert de Staat bei dësem Geschäft Recetten aus der TVA, well d’TVA op de Präis vum Liter Dreifstoff berechent gëtt. 

Am Kader vum Klimawandel, deen Ustrengunge vun eis all erfuerdert fir esou wéineg fossil Ressourcen ze verbrauchen ewéi méiglech, stellt sech d’Fro, ob dëse Mechanismus net zum Géigendeel féiert an ee Verhale fërdert, fir méi op fossil Energien ze setzen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Prozent vum Gesamtvolummen Diesel a Bensinn ginn zu Lëtzebuerg iwwert Tankkaarten bezuelt? 

  2. Vu wat fir enge Steiervirdeeler kann eng Firma profitéieren, déi op Tankkaarten zeréckgräift?

  3. Wéi vill TVA gouf an de leschte Joren un d’Firmen am Zesummenhang mat fossillen Dreifstoffer zeréckbezuelt?

  4. Wéi iwwerpréift d’Steierverwaltung, ob d’Rechnungen un der Pompel mat Firmekaarten och nëmmen Autoen betreffen, déi der Firma gehéieren? Wéi gëtt also verhënnert, dass Leit hier Privatgefierer zum reduzéierten Tarif volltanken, d’Firma dofir bezuele loossen, d’Firma och nach d’TVA rembourséiert kritt an kee bei der Steierverwaltung matkritt, ob de Sprit als Avantage en nature verrechent gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5971

Äntwert

Continue Reading