Police & Arméi
Lëtzebuerger Arméi an den Testzentren
Fir d’Covid-19-Pandemie kënnen ze geréieren, gouf hei zu Lëtzebuerg d’Arméi erbäigezunn, wou si, ënnert Anerem, och d’Testzenteren hei am Land logistesch a personell ënnerstëtzt huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- 
Wéi héich waren d’Ausgabe fir d’Material, dat fir d’Arméi am Kader vun der Missioun TAR (=Test antigénique rapide) ugeschaaft ginn ass? 
- 
Op wéi vill Euro belafen sech d‘Gesamtkäschte vun der Missioun TAR? 
- 
Wéi vill Tester sinn, opgeschlësselt no Testzentrum, insgesamt an deene 5 Testzentre gemaach ginn? 
- 
Wéi vill Tester goufen, opgeschlësselt no Testzentrum, beim militäresche Personal duerchgefouert? 
- 
Wéi vill Tester hätten, laut initiale Berechnungen, sollen an deene 5 Zentre gemaach ginn? 
- 
Wéi vill Persoune vun der Arméi waren, opgelëscht no Mount, pro Testzenter affektéiert? 
- 
Wéi eng Kompanien a Servicer vun der Arméi ware wärend der Missioun TAR an hirem Fonctionnement beanträchtegt oder komplett zou? 
QP Nummer 5827

