Questions parlementaires
Wou ass d’Ëmsteigeplattform fir Busser zu Moutfort drun?
Den 21te September 2018 hat d’Wort iwwert de Pôle d’Echange zu Moutfort beriicht. De Minister fir Mobilitéit huet deemols gesot:
„Baulich ist die Umsteigeplattform nicht sehr aufwendig. Im günstigsten Fall geht sie schon 2019 in Betrieb, spätestens 2020 mit der kompletten Reform des RGTR-Netzes“.
Effektiv ass de Pôle d’Echange zu Moutfort beim Fussballsterrain och am de Plan Sectoriel „Transport“ opgefouert. Stand haut ass de Pôle d’Echange zu Moutfort awer nach net gebaut.
- Wéini wäert de Pôle d’Echange fäerdeg gebaut ginn?
- Aus wéi enge Grënn konnt d’Plattform net an deene vum Minister genannten Delaie gebaut ginn?
Fro Nummer 3268