Questions parlementaires
Allerhellegen-Vakanz verlängeren?
Fir d’Zuel vun de Neiinfektioune mam Coronavirus auszebremsen, huet de belsche Bildungsministère d’Allerhellegen-Vakanz ëm bal eng Woch bis op den 11te November verlängert. Vu, datt d’Zuel vun de Covid-19-Neiinfektiounen hei am Land an de leschten Deeg explodéiert ass, kéint een dës Mesure eventuell och hei applizéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wäert de Bildungsminister Allerhellegen-Vakanz an de Schoule verlängeren?
QP Nummer 3034