Connect with us

Questions parlementaires

Atomwaffen an Europa

Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wat si aktiv géint d’Stationéierung vun Atomwaffen an Europa ënnerholl hunn an ënnerhuele wäerten. Als Pirate schwätze mer eis ganz kloer géint d’Präsenz vu nukleare Waffen aus. D’Zil vun der Mënschheet muss eng Welt ouni Atomwaffe sinn!

Am Kader vum 70-järege Jubiläum vun der NATO huet den Här Verdeedegungsminister an engem Interview am Journal vum 4. Abrëll 2019 gesot, dass mer an eiser haiteger Welt d’NATO ëmmer nach brauche fir eis europäesch Wäerter ze verdeedegen. Dës Verdeedegung huet awer ee bestëmmte Präis: zum enge misst all NATO-Memberland 2% vum Bruttoinlandprodukt fir d’Verdeedegung ausginn, zum anere verflicht all NATO-Staat sech zur „nuklearen Teilhabe“, wat d’Stationéierung vum US-Atomwaffenarsenal um europäeschem Territoire zur Folge huet.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • 1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung ugesiichts der Präsenz vun engem nukleare Waffenarsenal an europäesche Länner? Ass d’Regierung der Meenung, dass Atomwaffen zur Sécherheet an a vun der EU bäidroen? 
  • 2. Wéi eng Mesuren huet Regierung säit 2013 um europäeschem Niveau géint d’Stationnéierung vun Atomwaffen um europäesche Kontinent ënnerhol? 
  • 3. Wäert d’Regierung sech an Zukunft géint d’Stationéierung vun Atomwaffen an Europa asetzen? Falls jo, wéi eng Aktivitéite sinn hei virgesinn?
  • 4. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Verdeedegung wéinst den Défaillancë vun der NATO virun allem misst op EU-Niveau gereegelt ginn?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert