Connect with us

Questions parlementaires

Covid-Fäll an der Seniorie zu Péiteng

D’lescht Woch gouf an der Seniorie zu Péiteng ee Stack fir de Besuch ofgespaart, well eng Persoun positiv op de Covid getest gouf. D’Covid-Pandemie ass deemno nach net eriwwer an et gëllt weiderhi virsiichteg ze sinn, virun allem fir déi vulnerabelst hei am Land.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch matdeelen, wéi vill Persounen an den Alters- a Fleegeheemer hei am Land aktuell positiv op de Sars-Cov-2 getest goufen? 

  2. Wéi vill Persounen an de Seniorien hunn aktuell nach kee ganzen Impfzyklus hannert sech?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5964

Äntwert

Continue Reading