Questions parlementaires
Benzinskäschte vu Ministerautoen
Virum Hannergrond vun der Deierecht vum Diesel, Bensinn a Mazout bezuelen d’Bierger a Biergerinnen aktuell vill méi op der Pompel ewéi och fir Brennes, wei dëst nach virun e puer Méint de Fall war.
Ob Basis vun engem Interview zu den Déngschtween vum deemolege Minisiter Etienne Schneider wollte mir eis mat der parlamentarescher Fro n°1825 iwwert d’Benotze vun Déngschtween vu Ministeren renseignéieren.
A senger Äntwert huet de Minister op d’Section 9 vum Arrêté grand-ducal modifié du 14 novembre 2014 fixant les règles déontologiques des membres du Gouvernement et leurs devoirs et droits dans l’exercice de la fonction verwisen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill „frais directs encourus lors du déplacement“ hunn d’Ministeren zanter dem Untriede vun hirem Mandat fir privat Trajeten mat hiren Déngschtween rembourséiert?
-
Wéi vill „frais directs encourus lors du déplacement“ hunn d’Ministeren zanter dem Untriede vun hirem Mandat fir privat Trajeten am Ausland mat hiren Déngschtween rembourséiert?
QP Nummer 6028