Connect with us

Questions parlementaires

Digital Steierklärung bei der Steierverwaltung (COFRID)

Am Aktivitéitsbericht vun 2015 vum CTIE ass vum Projet „COFRID“ Rieds an dozou krut ee folgend Informatiounen:
“Le projet COFRID s’inscrit dans le projet de refonte de l’application COREC de l’Administration des  contributions directes qui consiste dans la réécriture de l’application COREC existante afin de l’adapter aux nouvelles technologies et en même temps l’adapter aux nouveaux besoins des  utilisateurs. Une soumission a été faite portant sur un marché qui comporte l’analyse des exigences et   des écarts par rapport à SAP et qui aboutira sur un cahier de charge ainsi qu’un document d’architecture en vue de faire une implémentation de la première partie du projet COFRID, à savoir les volets signalétique, recette et dossier électronique.”

Weider fënnt een awer keng Rapporten doriwwer, wéi et mam Projet COFRID weidergaangen ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune bei der Steierverwaltung hunn um Projet COFRID matgeschafft? 

  2. Wat waren d’Gesamtkäschte vum Projet? Wéi vill Sue goufe fir Analysen, Etüden a Consulting ausginn? Wéi eng Firme hunn um Projet matgeschafft?

  3. Gouf de Projet COFRID ofgeschloss?
    Falls nee, u wéi engen Alternative gëtt zurzäit geschafft, fir an Zukunft een automatiséiert Steierinstrument anzeféieren, a wéi eng weider Ausgabe si fir Analysen, Etüden a Consulting geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5847

Äntwert

Continue Reading