Connect with us

Questions parlementaires

Letzshop no der Corona-Pandemie

Dat lescht Joer hat ech de Minister fir Mëttelstand e puer Frone zum Fonctionnement vun der online Verkafsplattform „Letzshop“ gestallt. Mam Abroch vun der COVID-19-Pandemie huet de Minister decidéiert, dass de Membersbäitrag vu 500€ fir dëst Joer opgehuewen ass, fir esou den Entreprisen ze hëllefen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schätzt de Minister déi zukünfteg Entwécklung vun der Plattform Letzshop an?

  2. Opgelëscht no Gemeng, wéi vill Geschäfter ware virun der Coronakris op Letzshop ageschriwwen? No der nämleschter Oplëschtung, wéi vill sinn elo wärend der Coronakris bäikomm?

  3. Wéi vill Gemengen sinn iwwert den Zäitraum vun der Coronakris op d’Plattform bäikomm? Ëm wéi eng Gemengen handelt et sech?

  4. Wéi vill Produiten goufe virun der Coronakris op Letzshop ugebueden? Wéi huet sech dës Ziffer iwwert den Zäitraum vun der Coronakris entwéckelt?

  5. Wéi vill Clicks goufe virun der Coronakris op Letzshop gezielt? Wéi huet sech dës Ziffer iwwert den Zäitraum vun der Coronakris entwéckelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2176

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert