Connect with us

Questions parlementaires

Opschaffung vu Mëssbrauchsfäll an der Kierch

A Frankräich huet eng onofhängeg Ënnersichungskommissioun Fäll vu Pédocriminalitéit an der kathoulescher Kierch ënnersicht. Duerch 2,5 Joer Recherchë vun deelweis 70 Joer alen Donnéeën hunn déi Fräiwëlleg vun der Kommissioun Sauvé iwwert 300’000 Affer fonnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Affer vu (sexuellem) Mëssbrauch duerch d’Membere vun der kathoulescher Kierch kënnen sech iwwert Telefon (621-676349) oder Email (fir-iech-do@cathol.lu) bei der Kierch mellen oder, esou wéi och all aner Affer vu Gewalt iwwert déi staatlech Hotline (20601060) vu violence.lu hëllef kréien. Wéi ginn aner Glawensgemeinschafte mat dësem Thema em? Hunn aner Glawensgemeinschaften och spezifesch points de contact?

  2. Denkt d’Regierung, dass hei weider Ënnerstëtzungsmoossname fir d’Affer néideg sinn?

  3. Gëtt an den Ae vun der Regierung genuch gemaach, fir Fäll vu Mëssbrauch durech d’Kierch opzedecken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5058

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert