Connect with us

Questions parlementaires

Parlamentaresch Fro iwwert d’Fleegeariichtungen

De 9. Januar hu mer der Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun eng parlamentaresch Fro iwwert d’Fleegeariichtungen fir eis eeler Matbierger gestallt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: „Fir vill eeler Matbierger sinn d’Chancen an eng gutt Fleegestruktur eranzekommen extrem limitéiert. Wann een an Fleegeariichtungen nofreet, kritt ee gesot, et sollt een […]

De 9. Januar hu mer der Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun eng parlamentaresch Fro iwwert d’Fleegeariichtungen fir eis eeler Matbierger gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

„Fir vill eeler Matbierger sinn d’Chancen an eng gutt Fleegestruktur eranzekommen extrem limitéiert. Wann een an Fleegeariichtungen nofreet, kritt ee gesot, et sollt een sech sou fréi ewéi méiglech op eng Waardelëscht sëtzen, fir d’Platz vun engem Verstuerwene kennen ze kréien.

Am Alter d’Entscheedung ze treffen sech an eng Fleegeariichtung anzeschreiwen heescht säin Doheem opzeginn, wëll een net méi eleng an engem Haus oder Appartement liewe wëll oder och kann an doduerch een Deel vu senger Autonomie a Sécherheet opzegi fir kënnen ee stabilt a wierdegt Liewe weiderzeféieren. Dës Decisioun muss heefeg gutt a scho Jore virdru virbereet ginn an ass dacks och mat héijen ekonomesche Käschte verbonnen. All Mënsch am Alter sollt genuch a bezuelbar Fleegestrukturen zur Auswiel hunn fir säi Liewen an héchstméiglecher Würd ze gestalten.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Opgeschlësselt no Ariichtung (privat a staatlech), wéi vill Platze ginn et zu Lëtzebuerg a Fleegeariichtunge fir Mënschen am Alter? Wéi vill vun deene Platzen entfalen dovunner op sougenannten „centre intégré pour personnes âgées (CIPA)“ a wéi vill op Fleegezentren?
  • Opgeschlësselt no Ariichtung fir d’Joer 2018, wéi héich ass den Auslaaschtungsgrad vun de CIPA an de Fleegezentren?
  • Opgeschlësselt no Ariichtung, wéi vill Leit waren op Waardelëschten am Joer 2018? An der selwechter Opschlësslung, wéi laang sinn déi Läit am Duerchschnëtt op deenen eenzele Waardelëschte bis dass se an enger Fleegestruktur ugeholl ginn?