Justiz
Schutz vun nationalen Denkmaler
 
																								
												
												
											Op enger Manifestatioun an der Stad hunn Demonstranten de Weekend d’Statue vun der Grand-Duchesse Charlotte mat Fändelen agedeckt. D’Monumenter hunn ëmmer eng Symbolik a sti fir Wäerter, déi mir als Gesellschaft wëllen héichhalen. D’Statue vun der fréierer Groussherzogin ass, ënnert Anerem, ee Symbol vun der Resistenz, géint d’Ënnerdréckung vu Lëtzebuerg duerch d’Nazien a fir d’Fräiheet an Toleranz. Op der Manifestatioun waren och Manifestante mat Plakater ënnerwee, déi dem israeelesche Staat seng Existenzberechtegung oferkennen (Zum Beispill: „There is only one State Palestine forty-eight“).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi ginn Denkmaler hei am Land virun esou symboleschen Aktiounen geschützt? 
- Wéi sinn Denkmaler hei am Land viru Vandalismus geschützt? 
QP Nummer 2953

