Natur, Ëmwelt & Klima
Zoustand vun eiser Ëmwelt (Biedem a Waasser)
 
																								
												
												
											D’Qualitéit vun eiser Ëmwelt huet sech an de leschte Joerzéngte verschlechtert. Der leschter Editioun vum „Le Luxembourg en chiffres 2025“ vum STATEC no, si just nach 15% vun eise Beem an engem gesonden Zoustand. Op ville Plaze sinn eis Gewässer an eis Biedem mat ville Produkter belaascht, déi aus de wirtschaftlechen a sozialen Aktivitéite vum Mënsch entstinn, wéi zum Beispill Mikroplastik, PFAS, Pestiziden, Ammoniak a Villes méi. Lëtzebuerg steet do natierlech net eleng: et ass eng global Erausfuerderung, eise System nohalteg ëmzestellen, sou dass och eis Kanner an engem gesonden Ëmfeld kënnen opwuessen. Um europäeschen Niveau versicht een duerch eng Unzuel u Reegelen, dorënner d’EU-Waasserschutzdirektiv, fir Verbesserungen ze suergen. Ee groussen Hiewel fir eis Ëmwelt ze verbesseren ass d’Präventioun vun der Verknaschtung vun eise Biedem a Gewässer. Mee och den Traitement vun eisem Ofwaasser spillt eng Schlësselroll, mam Ausbau an der Verbesserung vun eise Kläranlagen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi eng Kläranlagen hei am Land, souwéi an der noer Grenzregioun rengegen d’Ofwässer, déi aus industriellen Aktivitéite kommen? 
- Wéi héich ass d’Belaaschtung vun eise Biedem an Gewässer duerch Mikroplastik, PFAS (Phosphonsäiren) a Glyphosat? Kann de Minister des Wäerter opschlësselen • fir déi verschidde Fléissgewässer zu Lëtzebuerg? • fir d’Joren 2015, 2020 an 2025? 
- Glyphosat bilt sech ëmmer méi wéinst den anticalcaire Puddere fir Spull- a Wäschmaschinnen. (Source: https://www.chemie.de/news/1186259/glyphosat-kann-aus-waschmittelzusaetzen-entstehen.html) Gëtt des Observatioun och zu Lëtzebuerg gemaach? 
QP Nummer 2919

