Connect with us

Questions parlementaires

Gemeinsame Policebüro zu Péiteng/Käerjeng

De Policebüro zu Käerjeng gouf virun e puer Joer zougemaach an den Effektif gouf mat deem am Policebüro zu Péiteng zesummegeluecht. Wéi d’Ministere mir an der Äntwert op meng Fro n°3404 am Januar geschriwwen haten, waren zu deem Zäitpunkt nach keng Verhandlungen amgaangen, fir een neit Policekommissariat an d’Rue de Linger op der Grenz tëschent Péiteng a Käerjeng z’erriichten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et zënter Januar Fortschrëtter an dësem Projet? Falls jo, wou sinn d’Diskussiounen drun a wourunner blockéiert de Projet?

  2. Wéi eng Grondstécker musse kaf oder gelouhnt ginn, fir de Policebüro kënnen ze realiséieren? Ginn dës Grondstécker vun de Gemengen oder vum Staat kaf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5328

Continue Reading