Connect with us

Questions parlementaires

Aarbechtskonditioune bei der Police – eng Nofro

D‘lescht Joer hunn ech dem Minister fir bannenzeg Sécherheet zwou parlamentaresch Froen (n°84 an 203) iwwert d’Aarbechtszäite bei der Police gestallt. An de jeeweilegen Äntwerten erkläert de Minister, dass d’Akraafttriede vum Policegesetz 2018 deemools dozou bäigedroen huet, dass d’Police huet missten hire Schichteplang ëmstellen. Gläichzäiteg huet de Minister zouginn, dass d’Schaff – a Rouzäiten net ëmmer kënne respektéiert ginn.

De 17te Juni 2019 huet de Minister den Accord „relatif au temps de travail et de repos dans la police“ mat de betreffende Gewerkschaften ënnerschriwwen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Am Kontext vum Accord iwwert d’Schaff– a Rouzäiten: Wéi vill Fäll gouf et säit dem 11te Juni 2019 (opgelëscht pro Mount),
    • an deene Policebeamte méi ewéi 10, awer manner ewéi 12 Stonnen hu misse schaffen ?
    • an deene Policebeamten op engem Schaffdag méi wéi 12 Stonnen hu misse schaffen?
    • an deene Policebeamte kee Repos vu mindestens 11 Stonnen tëscht zwee Schaffdeeg kruten? Wéi vill Stonne Repos haten dës Policebeamten, bei deenen déi 11 Stonne Repos net respektéiert goufen ?
    • an deene Policebeamte méi ewéi 48 Stonnen an enger Woch geschafft hunn?
    • an deenen déi 35 Stonne Repos hebdomadaire net respektéiert goufen? Wéi vill Stonne Repos haten dës Policebeamten, bei deenen déi 35 Stonne Repos net respektéiert goufen ?
  2. Vum 15te bis den 18ten Oktober war déi belsch Kinnekskoppel op offiziellem Staatsbesuch zu Lëtzebuerg. Wärend deenen dräi Deeg gouf eng immens Zuel u Policepatrullen an der Haaptstad agesat. 
    • Kann de Minister garantéieren, dass wärend der Presenz vun der belscher Kinnekskoppel d’Dispositiounen iwwert d’Schaf- a Rouzäiten aus dem Gesetz vum 1ten August 2018 souwéi aus dem viru genannten Accord respektéiert goufen? 
      Falls net, bei wéi ville Beamten gouf géint den Accord iwwert d’Schaf- a Rouzäiten verstouss an ëm wat fir eng Verstéiss huet et sech gehandelt?
    • Wéi vill Stonnen (genau Stonnenzuel pro Beamten) hunn déi Polizisten geschafft, déi un dësen Deeg méi ewéi 12 Stonnen hu misste schaffen, an a wéi enge Situatiounen ass dat virkomm?
  3. Ween ass bei der Police responsabel dofir, dass déi gesetzlech virgesinne Schaff– a Rouzäite respektéiert ginn?
  4. Kann et bei Verstéiss géint d’Dispositiounen iwwert d‘Schaff–a Rouzäiten zu Disziplinarmoossname kommen? Falls jo, ginn dës Disziplinarmoossname géint de betraffene Beamten oder géint de Responsabelen ageleet an a wéi vill Fäll goufe schonns esou konkret disziplinaresch Suitten ageleet?

Äntwert vum Minister:

„Well een an deem aktuellen informatesche Programm net déi verschidde Moyennen oder déi respektiv Quote berechne kann, déi an deene verschiddenen Texter virgesi sinn, ass et net méiglech, déi gefroten Zuelen ze liwweren. D’Police waert awer am Kader vun der Digitalisatioun un sou enger informatescher Solutioun schaffen.“

D’Police besëtzt am Joer 2020 also nach keng technesch Léisung fir kënnen z’assuréieren, dass d’Polizisten hir Schaff– a Rouhzäite kënnen anhalen. Sou vill zu den technesche Mëttele vun eiser Police zu Lëtzebuerg.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert