Aarbechtskonditioune bei der Police – eng Nofro

D‘lescht Joer hunn ech dem Minister fir bannenzeg Sécherheet zwou parlamentaresch Froen (n°84 an 203) iwwert d’Aarbechtszäite bei der Police gestallt. An de jeeweilegen Äntwerten erkläert de Minister, dass d’Akraafttriede vum Policegesetz 2018 deemools dozou bäigedroen huet, dass d’Police huet missten hire Schichteplang ëmstellen. Gläichzäiteg huet de Minister zouginn, dass d’Schaff – a Rouzäiten net ëmmer kënne respektéiert ginn.

De 17te Juni 2019 huet de Minister den Accord “relatif au temps de travail et de repos dans la police” mat de betreffende Gewerkschaften ënnerschriwwen.

Weiderliesen