Connect with us

Questions parlementaires

Blo Luuchte fir d’Regierungsautoen: muss dat sinn?

D’Artikelen 39 a 44 vum Code de la Route lëschten d’Kategorie vun Autoen op, déi mat spezielle sonoren Anlagen a bloe Luuchten däerfen equipéiert ginn. An dës Kategorie falen och d’Autoe vum „Service de Protection du Gouvernement“ souwéi déi vum groussherzoglechen Haff. 

Et ass selbstverständlech, dass d’Membere vun der Exekutive an d’groussherzoglech Famill viru potenzielle Gefore musse geschützt sinn an dofir am Noutfall vun A op B musse kommen. Allerdéngs ass d’Heefegkeet vun de Fäll, wou ee vun deene besoten Autoen opgrond vun enger reeller Gefor misst op Bloliicht zeréckgräifen, hei am awer zimlech séchere Lëtzebuerg dach relativ limitéiert. 

Iwwerdeems ginn zu Lëtzebuerg fir offiziell Uläss oft eng Rei vu Stroosse fir de regulären Trafic gespaart, fir dass sech Membere vun der Exekutive iwwert d’Stroosse beweege kënnen. A letztlech ginn d’Regierungsvertrieder an Extremfäll och nach duerch Leibwächteren a Polizisten iwwerwaacht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Autoe vun der Exekutiv an engem Police-Konvoi et och ouni Bloliicht duerch den Trafic vun A op B packen, wann si mat Zäite fortfueren?
  2. Fënnt d’Regierung, dass d’Sécherheetssituatioun an de Risiko vun engem Attentat op d’Regierung an op de Groussherzog aktuell zu Lëtzebuerg esou reell ass, dass d’Autoe mat Bloliicht musse fueren?
  3. Ass d’Regierung des Weideren der Meenung, dass Autoe vun der Exekutiv, déi mat Bloliicht fueren a keng Rettungsdéngschter sinn, sech zu Lëtzebuerg wéi all aneren Auto och un d’Geschwindegkeetsbegrenzunge vum Code de la Route hale sollen? 

An enger Nofro hu mir dem Minister folgend Froe gestallt:

  1. Wei oft gouf op Basis vum Artikel 2 Punkt 5.10 fir d’Period 2017-2019 de Service urgent fir d’Gefierer vu Regierungsmemberen agesat?
  2. An der vireger Äntwert schreift de Minister, dass de Chauffer bei Transporter vu Regierungsmembere selwer decidéiert, wéini ee Service urgent ausgefouert gëtt. 
    • Wéi eng Krittäre muss de Chauffer an dem Fall berécksiichtegen, fir dës Decisioun däerfen ze treffen? Muss eng Bedroung virleien, fir dass de Chauffer dës Decisioun däerf huelen? 
    • Falen d’Rendezvouse vum Groussherzog oder vun de Regierungsvertrieder ënnert dës Konditiounen?
  3. Am Fall wou keng imminent Bedrouung fir ee Police-Konvoi festzemaachen ass, firwat kann ee Konvoi op enger Kräizung (beispillsweis bei enger rouder Luucht) net einfach stoe bleiwen? Ass de Risiko vun enger schneller Duerchfaart iwwert eng Kräizung net souguer méi geféierlech fir déi aner Verkéiersdeelhueler?
  4. Ass et an der Vergaangenheet zu Lëtzebuerg schonn zu konkreten Iwwergrëff op ee Regierungsmember oder Membere vum groussherzoglechen Haff komm?
  5. A wéi enge Konditiounen gi geséchert Gefierer (véhicules blindés, Artikel 2 Punkt 2.28.) agesat? Wéi oft goufen dës Gefierer an de leschten 3 Joer agesat?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert